D’Konsulat vum Groussherzogtum Lëtzebuerg invitéiert häerzlech op eng Informatiouns-Veranstaltung iwwert ee vun de spannendste Felder vun der Zukunft: d’Quantentechnologien. Zesumme mat Partneren aus Wëssenschaft a Wirtschaft gi mir en Abléck an déi nei Entwécklungen, Méiglechkeeten an d’Potenzial vun dëser Technologie. 📅 Freides, den 28. November 2025, um 16:00 Auer 📍 BTV Stadtforum 1 / Tonhalle, Innsbruck No de Virträg a Paneldiskussioune gëtt et e Stehempfang mat...

Innsbruck befënnt sech am Weste vun Eisterräich am Dall vun zwou Gebiergsketten. Als Haaptstad vun Tirol gëtt Innsbruck nërdlech vun der Nordketten, der südlechster Kette vum Karwendel, gekréint an am Süde leien d’Zentralkette vun den Alpen mam Patscherkofel, dem Hausberg, der Stad zu Féiss. Duerch den Dall, dem Inntal, fléisst, wei den Numm et scho seet, de Floss Inn. Mat ronn 150.000 Awunner, wouvunner em di 30.000 Studente sinn, ass Innsbruck di meescht bewunnte Stad an Tirol.