News


Studentenfoire 2024

Den 24. & 25 Oktober 2024 fënnt déi 38. Studentefoire um Campus op der Uni.lu zu Belval statt, wou Schüler/Schülerinnen an och aktuell Studenten sech kennen iwwert Studienangeboter erkënnegen. Donieft wäerten Studentencerclen wei och den LSI ob béiden Deeg present sinn, fir kennen wichteg Informatiounen ronderëm eis Stad an Universitéiten kennen ze ginn. Mir freeën eis op iersch!


Netzwerktreffen "Universität Innsbruck verbindet - Luxemburg im Fokus"

Den 9. Oktober 2024 huet Abteilung vum Relationship Management vun der Universitéit Innsbruck an den lëtzebuerger Honorarkonsul zesumme op Netzwerktreffen "Universität Innsbruck verbindet - Luxemburg im Fokus" agelueden. Nieft de léiwen Grußworte vum Vizerektor fir Fuerschung Univ.-Prof. Dr. Gregor Weihs, der Landestagspräsidentin Sonja Ledl-Rossmann an eisem lëtzebuerger Honorarkonsul Monsieur Armand Hausmann, konnt een sech ob e spannende Virtrag vum letzebuerger Ambassadeur vu Wien SE Jean Graff freeën, wou iwwert déi wirtschaftlech Entwécklung vu Lëtzebuerg geschwat gouf a wei eng bedeite Relatioune Lëtzebuerg mam Bundesland Tirol an Éisträich huet.

 

Mir als LSI soe villmools Merci fir d'Aluedung an déi spannend Vorträge.